Fräibéier an der Klenze

Datum/Zeit
Date(s) - 27/11/2021
Ganztägig

Kategorien


Léif Memberen,

Wann een eppes als StudentIn zu München muss kennen, dann ass et Béier drénken. An mir ginn Iech d’Méiglechkeet dat all de Memberen vum LSM ob eisem Fräibéier de 27.11 ab 20 Auer an der Klenze 17 ze beweisen! Fir 15€ Entrée erwaarden Iech genuch Liter frësch gezaapte Münchener Béier. Also haalt Iech den Datum fräi a bereet Iech an är Liewer gutt drop fir. 🍻

Wéi ëmmer gëllt et en Ticket hei um Site ze bestellen. Dës sinn ab haut (8.11.2021) 17:00 verfügbar. D’Unzuel ass ob 100 Leit limitéiert also maacht iech bei. 🎟️

Déi déi eng Entrée als Gewënn vum Rallye ze gutt hunn, huelen sech och wannechgelift en Ticket iwwer eise Site a schreiwen dëst an d’Kommentarfeld. 📝

Momentan plange mir de Fräibéier mat enger 2G-Plus Reegel, mee well am Moment Mesuren all 2ten Dag änneren, hale mir Iech um Lafenden!

Mir freeën eis op Iech

Léif Gréiss,
ären LSM-Comité 💙

 

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Fräibéier Virnumm + Nonumm

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.