Ersti-Stammdësch

Datum/Zeit
Date(s) - 18/06/2021
Ganztägig

Kategorien


Léif LSM-Erstis,

Mir kënnen eis gutt virstellen dass dëst éischt Joer Uni an enger neier Stad ganz anescht ofgelaf ass ewéi dir iech dat warscheinlech virgestallt hutt. Mee esou lues kennt d‘Normaileit zeréck an dir leiert dat traditionellt Studenteliewe kennen. Dofir organiséiert den LSM-Comité dëst Joer exklusiv fir iech en Ersti-Stammdësch, den als klenge Get-Together tëschent den Erstien an dem Comité geduecht ass fir sech ënnertenee e bëssen besser kennenzeléieren.

Mir wäerten eis Freides Owes den 18. Juni am Hirschgarten gesi fir den een oder anere Patt ze drénken, villäicht eppes ze iessen an een Owend a geselleger a gemittlecher Ambiance ze verbréngen. Natierlech gëtt et dann och ee Patt vum LSM zum Beschten. Jiddereen deen am Laf vum leschte Joer nei zu München ugefaangen huet mat studéieren ass häerzlech Wëllkomm.

Treffpunkt ass um 20:00 virum Hirschgarten.

Mir freeën eis drop do nach emol esou vill wéi méiglech vun iech kennen ze léieren.

Ären LSM-Comité

Bookings

Ticket-Typ Plätze
Umellung vir Ersti-Stammdësch
Umellung vir Ersti-Stammdësch