Ersti-Pubcrawl 2021

Datum/Zeit
Date(s) - 21/10/2021
19:00 - 23:30

Veranstaltungsort
Odeonsplatz

Kategorien


Och dëst Joer organiséiert den LSM-Comité erëm exlusiv fir d’Erstien den 21. Oktober e Pub Crawl duerch München wou jiddereen deen nei zu München ufänkt mat studéieren häerzlech Wëllkomm ass.

Dëst Event ass als klenge Get-Together tëschent den Erstien an dem Comité geduecht fir sech e bëssen ënnertenee kennenzeléieren ier de Welcome Day dat neit LSM Wantersemester alaut. A klenge Gruppen entdeckt een hei de verschidde Baren a Caféë vu München, wou sécherlech och ëmmer den een oder anere Geheimtipp derbäi ass.

Treffpunkt ass um 19:00 um Odeonsplatz um Marienplatz. Do gitt dier dann a Gruppen agedeelt. Zum Schluss gëtt treffen sech da nach eng Kéier all Gruppen am Stammcafé vum LSM, der Klenze 17.

Den Ersti-Pubcrawl wäert ënnert den 3G-Reegele stattfannen, dat heescht fir kennen deelzehuele muss du entweder geimpft/genese sinn oder ee PCR hunn de wärend denger ganzer Participatiounzäit um Ersti-Pubcrawl gülteg ass.

Fir d’Participatioun brauchs du nëmmen eng Memberskaart ze hunn (kann een iwwert eise Site lsm.lu huelen). Et kann ee sech bis den 21. Oktober 17:00 umellen.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.