Ersti-Meeschterschaften

Datum/Zeit
Date(s) - 26/06/2021 - 27/06/2021
Ganztägig

Kategorien


Léif Erstien, léif Memberen,

D’Summersemester steiert lues a lues a Richtung Examen hin an domat réckelt och d’Enn vun engem ustrengenden Unisjoer 20/21 ëmmer méi no. Et war e laangt a schwéiert Joer, wou et fir eis als Comité wéinst de Mesuren net méiglech war fir eis Membere vill Events kennen ze plangen. Keng einfach Zäit fir all eis Memberen, mee zemools fir eis Erstien, déi eis wonnerschéi Staat nach net a vollen Zich genéisse konnten an déi et ganz schwéier haten nei Leit kennen ze léieren.

Well d’Moossnamen eis et jo rëm erlaben Events a Presenz kennen ze maachen, invitéiere mir dofir all Member, egal ob Oldie oder Ersti, op déi éischten Editioun vun den Ersti-Meeschterschaften, kuerz EM genannt, a wéi soll et och anescht sinn, ganz am Thema vun der Fussball-EM 2020 (resp. 2021).
Dat Ganzt wäert an Form vun engem Rallye duerch München stattfannen. Erstien an Oldien wäerten zesummen a Gruppen en Land vun der EM representéieren, a probéieren op verschiddene Statiounen (dëst sollen dann d’Fussballstadie representéieren) eng Rei un Challengen, ganz am Thema vum Land vum Stadion, ze packen an deementspriechend sou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen. Um Enn wäert dann dat Land mat deene meeschte Punkten als Gewënner vun der EM gekiert ginn.

Dat Ganzt wäert Samschdes de 26. Juni um 16h00 stattfannen.

Falls d’Wieder un deem Dag net géing matspillen, hale mir eis den 27. Juni als Auswäichdatum fest.
Mellt iech w.e.g. bis den 23. Juni 2021 um Site un wann dir wëllt matmaachen.

Bis dann, mir freeën eis op iech! Äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.