LSM-Chrëschtfeier 2016

Datum/Zeit
Date(s) - 03/12/2016
18:30 - 23:50

Veranstaltungsort
Brunnwart

Kategorien


Laang schéngt et nach net hier, datt dat neit Semester nees ugefaangen huet, an dach gesitt een sou lues déi éischte Chrëschtdagsdekoratioun an der Stad.

Wéi all Joer organiséiert och den LSM nees eng Chrëschtfeier am Brunnwart (Biedersteiner Straße 78, U-Bahn Dietlindenstraße)

Natierlech wäerte mir och dëst Joer nees wichtelen, woubäi déi nämmlecht Regele gëlle wéi bis elo och. Dir wësst am Viraus net fir wéie Member de Cadeau zum Schluss wäert sënn, a mir bieden iech kee Schockela oder Gedrénks als Cadeau erauszesichen,an eppes ze wiele wouriwwer dir iech och selwer freeë géift. De Cadeau soll ongeféier en Wäert vu 5€ hunn.

Dir kennt zwëschen 2 Formulle wielen, wann der iech un Site fir dëst Event umellt.
Eng Umeldung op Facebook geet wéi ëmmer net duer.
Formule 1: Start um 18:30 mat Glühwäin
Formule 2: Start um 19:30 ouni Glühwäin

Dat ganzt kascht 25 respektiv 20 Euro (10€ méi fir Externer) an Deadline fir d’Umeldung ass Sonndes de 27. November, woubäi d’Platze limitéiert sënn.

Zu gudder lescht géife mir iech nach biede falls dir Vegetarier sidd, des Informatioun onbedéngt an d’Kommentarfeld bei ärer Umeldung ze schreiwen.

Mir hoffe méiglechst vill vun iech op dësem Event begréissen ze kennen, an dat am beschten equipéiert mat engem Lidderbuch.

Mat frëndleche Gréiss,
de Comite

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.