Chrëschtfeier

Chrëschtfeier

13.12.2025 - 19:00

D‘Joer neigt sech dem Enn zou an op Chrëschtdag kann een sech ni fréi genuch freeën, oder? 🎄
Dofir invitéiert den LSM iech häerzlechst op d’Chrëschtfeier den 13. Dezember um 19h00 am Restaurant „Zum Franziskaner“.
Well dëst eng ganz feierlech Geleeënheet ass, wëlle mir wéi déi lescht Joren, d’Feier ënnert dem Motto „Chic“ ofhalen.
Fir d’Participatiounskäschte vu 40€ erwaarden iech dann ee flotten 3-Gänge Menü an 2 Gedrénks!
War dir dëst Joer och gutt brav? Falls jo, kënnt dir iech am Laf vum Owend iwwert de Besuch vum Kleeschen a sengen Hëllefer freeën, déi bestëmmt déi eng oder aner Iwwerraschung op Lager hunn.
Wéi ëmmer braucht dir eng aktuell LSM-Memberskaart fir iech unzemellen.
D’Plaze sinn op 70 Leit limitéiert. Also maacht iech bäi! Sidd dir net ënner deene 70 éischte Persounen, kommt dir op d’Waardelëscht an hutt nach d’Méiglechkeet nozerutschen.

Mir freeën eis zesumme mat iech Chrëschtdag virzefeieren!
Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login