Chrëschtfeier

Datum/Zeit
Date(s) - 05/12/2015
18:30 - 23:30

Veranstaltungsort
Brunnwart

Kategorien


Och dëst Joer invitéiere mir rëm ganz häerzlech ob eis LSM-Chrëschtfeier. Den 5. Dezember ass et dëst Joer sou wäit an eis Feier fënnt erëm am Brunnwart statt (Biedersteiner Straße 78, U-Bahn Dietlindenstraße).

Wéi lescht Joer schonn bidde mir iech direkt am Virgäertchen vum Brunnwart een Glühwäinempfang un. Uschléissend gi mir dann zum Iessen iwwer, wou een 3-Gäng-Menü ob iech waard.

Nom Iessen ass et dann och schonn Zäit fir dem Kleesche säi Besuch, wéi all Joer wäert hien, fir déi Leit déi sech geschéckt hunn, och rëm een LSM-Kado am Gepäck hunn. Donieft gëtt natierlech och rëm gewichtelt. Dobäi biede mir iech kee Schokla oder Gedrénks als Wichtelkado erauszesichen. Ausserdeem wiere ma frou wann da e bësse kreativ wäert an just Kaddoe géift aussichen, iwwert déi dir iech selwer och géift freeën. Den Wäert vun ärem Kado soll bei ongeféier 5€ leien.

Am Kader vun enger Chrëschtfeier soll natierlech och ëmmer un déi Leit geduecht ginn, deenen et net esou gutt geet wéi eis. Duerfir wäerte mir iech den Owend selwer e Projet virstellen, fir dee mir gäre géifen e Spendenopruff maachen. Mir wieren iech also immens dankbar wann dir e Su géift matbréngen an eppes Klenges dozou géift bäidroen.

Hei dann nach eemol déi wichtegst Daten am Iwwerbléck:
  • FORMULE 1: Start mat Glühwäin: 18:30, Preis 25 Euro (2 Glieser Glühwäin incl.)
  • FORMULE 2:  Start ouni Glühwäin: 19:30, Preis 20 Euro
Net-Membere bezuele jeeweils 5 Euro méi, Memberskaarte ginn et selbstverständlech den Owend selwer och erëm ze kafen. Bezuelt gëtt sur Place.

Deadline fir sech unzemellen ass de 29. November. Präziséiert hei w.e.g wéi eng Formule dir huelt. Et kann ee bis zu 4 Leit mateneen umellen, gidd w.e.g. am Kommentar un ween dir matbrengt. Och géife mir d’Vegetarier ënnert iech bieden eis dat iwwert den Kommentar ze signaliséieren!

D’Platzen si limitéiert! Also maacht iech bei, déi eicht si fir.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.