Beerpongtournoi 2020

Datum/Zeit
Date(s) - 11/01/2020
19:00 - 23:30

Veranstaltungsort
Klenze 17

Kategorien


Wann s du wëlls deng Beerpongfertegkeeten ënner beweis stellen an eis Gewënner vum leschten Joer an den Schied stellen, dann mell dech fir eisen Beerpongtournoi un. Dësen fënnt den 11 Januar 2020 an der Klenze 17 statt.

Umellen mussen sech déi zwee Participanten aus enger Equipe. An d´Kommentarfeld kennt dir dann ären Wonschpartner androen. Falls du keen Partner hues, kanns du dech och alleng umellen, den owent selwer gin déi restlech Persounen zesummen an verschidden Equipen gesaat.

D´Umeldung geet den 26 Dezember um 20:00 op an Deadline ass den 09 Januar um 24:00. D´Platzen sen och dëst Joer begrenzt, also macht Iech bei. D´Umeldungskäschten belaafen sech op 10 Euro.

Fir dat jiddereen no den selwechten Reegelen spillt, ginn se hei nach eng kéier festgehalen:

  • All Spiller aus dem Team werft jeeweils een Ball
    • Bäll déi obtuppen, dierfen ofgewiert ginn
    • All getraffenen Becher muss ausgedronk ginn
    • Et gëtt mat 10 Becheren ob all Säit gespillt
    • All Team spillt mat engem Liter Béier pro Partie
    • Dënn Ielebou muss beim Worf ëmmer hannert der Dëschkannt bleiwen
    • Prallt een Ball bei engem Worf of an rullt iwwert d’Mëttellinn, kritt dat Team
    wat geworf hutt en sougenannten Trickshot
    • Et gëtt ouni „Death Cup“ gespillt
    • Gett en Becher mat engem Obtupfer getraff, mussen 2 Becheren gedronk ginn.
    • Gett nëmmen 1 Becher pro Spillzoch getraff, muss den Géigner deen ausdrénken an
    vum Spillfeld huelen.
    • Ginn an engem Spillzoch 2 verschidden Becheren getraff, mussen die 2 ausgedronk
    an vum Spillfeld geholl ginn. Zudeem erhält dat Team wat geschoss hutt 1 Ball zréck
    an dierf nach enkéier werfen.
    • Gett an engem Spillzoch een Becher 2 mol getraff, mussen 3 Becheren ausgedronk
    ginn. Duerno dierf den Géigner werfen.
    • „Redemption“ Reegel!
    Wenn den leschten Becher getraff ginn ass, kann den Géigner soulaang wieder
    werfen bis hien enkéier net trefft.
    Bleift dann nach ob mannst een Becher stoen, huet dëst Team leider verluer an muss
    all die restlech Becheren ob dem Spillfeld ausdrénken.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.