Zum Inhalt springen
Karte nicht verfügbar

Date/Time
Date(s) - November 19, 2021 - Dezember 17, 2021
12:00 am

Categories No Categories


Dëst Joer organiséiert den LSM och erëm eng Beerpongliga. Heifir musst dir iech an 2-er Teams ob eisem Site umellen a gitt dann automatesch an d’Liga invitéiert.
D’Liga leeft vu November bis Dezember. Déi genau Datumer bis wéini ee Match muss gespillt sinn an wéi ee Géigner iech erwaart, deele mir iech beim Start vun der Liga mat. Gespillt gëtt entweder bei sech oder bei de Géigner an der Wunneng. Do muss dir iech als Equippen eens ginn, wou dir spillt. D’Reegele fir ze spillen ginn och vun eis festgeluecht!
Déi bescht 4 Equippen trieden dono an engem K.O. System géinteneen un. Dës Halleffinallen an och d’Final ginn ob engem „neutralen“ Terrain de 16. Dezember ausgedroen.
De Präis pro Team läit bei 10€ an dir braucht natierlech eng aktuell Memberskaart vum LSM. D‘Gëwennerequip kritt een Cadeau am Wäert vun 100€ an den 2ten een vun 40€.Dir kennt iech ab dem 25. Oktober 17:00 fir d’Beerpongliga 2021 umellen (als Team zesummen, am Komentarfeld d’Teammemberen an eng Telefonsnummer uginn).
LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Beerpongliga 2021 Teammember 1 + Teammember 2

Bookings

Bookings are closed for this event.