Beerpong – Turnéier

Datum/Zeit
Date(s) - 04/11/2017 - 05/11/2017
18:00 - 00:30

Veranstaltungsort
Klenze 17

Kategorien


Den 4. November 2017  organiséiert den LSM en Beerpongtourneier an der Klenze17.

Wenn der un dëser Aktivitéit well deelhuelen, kënnt Dir Iech ab dem 26.10.2017 em 20:00 hei umellen.

Leider sinn opgrond vun der Locatioun  d’Platzen begrenzt.

Et gëtt no folgenden Reegelen gespillt:

  • All Spiller aus dem Team werft jeeweils een Ball pro Spillzoch
  • Bäll die obtuppen, dierfen ofgewiert ginn
  • All getraffenen Becher muss ausgedronk ginn
  • Et gëtt mat 10 Becheren ob all Säit gespillt
  • Den Ball däerf net aus dem Becher geblosen ginn
  • All Team spillt mat engem Liter Béier pro Partie
  • All Equippe däerf d’Becheren 2 mol pro Partie ëmsetzen. Déi éischten Kéier Ëmsetzen ass awer éischt ab 6 restlechen Becheren erlaabt.
  • Dënn Ielebou muss beim Worf ëmmer hannert der Dëschkannt bleiwen
  • Prallt een Ball bei engem Worf of an rullt iwwert d’Mëttellinn, kritt dat Team wat  geworf hutt en sougenannten Trickshot. Dësen därf och nodeems en obgetuppt ass NET ofgewiert ginn. Gett dobäi en Becher getraff, muss nëmmen deen Becher gedronk ginn
  • Et gëtt ouni „Death Cup“ gespillt
  • Gett en Becher mat engem Obtupfer getraff, mussen 2 Becheren gedronk ginn
  • Gett nëmmen 1 Becher pro Spillzoch getraff, muss den Géigner deen ausdrénken an vum Spillfeld huelen.
  • Ginn an engem Spillzoch 2 verschidden Becheren getraff, mussen die 2 ausgedronk an vum Spillfeld geholl ginn. Zudeem erhält dat Team wat geschoss hutt 1 Ball zréck an dierf nach enkéier werfen
  • Gett an engem Spillzoch een Becher 2 mol getraff, mussen 3 Becheren ausgedronk ginn. Duerno dierf den Géigner werfen
  • „Redemption“ Reegel! Wenn den leschten Becher getraff ginn ass, kann den Géigner soulaang wieder werfen bis hien enkéier net trefft. Bleift dann nach ob mannst een Becher stoen, huet dëst Team leider verluer an muss all die restlech Becheren ob dem Spillfeld ausdrénken.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.