Beach-Volleyball Tournoi

Datum/Zeit
Date(s) - 04/06/2016
15:00 - 19:00

Veranstaltungsort
Rothof Beachvolleyball

Kategorien


Et ass rëm sou wäit! No dem Succès vum leschte Joer organiséiere mer och dëst Joer en Beachvolleyballtournoi um Rothof. Bei hoffentlech guddem Wieder gëtt de Bäll nogesprongen, mat Béier ob gewonne Partien ugestouss a spannende Matcher an de Finalronnen nogekuckt.

D’Equipë bestinn aus 4 Leit, déi dier kollektiv umelle kennt (andeem jidderee vun de 4 Spiller den Numm vun der Equipe als Kommentar mat ugëtt) oder, falls der net wësst, ween vun äre Volleyballkenschte profitéiere soll, setze mir iech an Equipen zesummen.

!!Wann ech glifft mellt iech just a 4er Gruppen un; bei Equipë mat méi oder manner Leit ginn déi net berücksichtegt an dir kommt eventuell net an di nämlecht Equipe!!

An mir probéieren, wei d’lescht Joer och, Plaatz am Restaurant ze kréien, fir dass eis fussballbegeeschtert Matspiller d’Final vun der Champions League a gudder Gesellschaft kucke kennen.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.