Assemblée Générale 2021

Datum/Zeit
Date(s) - 29/08/2021
18:00 - 23:00

Kategorien


Léif Memberen,

Dat aktuellt LSM-Joer geet lues awer sécher op en Enn. Leider war och dëst Veräinsjoer gepräägt duerch d’Pandemie a mir konnte virun allem am Wanter net wéi gewinnt eis Eventer fir iech organiséieren. Trotzdeem ass et elo un der Zäit dëst Joer ofzeschléissen an engem neie Comité d’Rudder ze iwwerreechen.

Dofir invitéiere mir eis Memberen häerzlech op d’LSM Assemblée Générale 2021, déi Sonndes owes den 29. August ofgehale gëtt. Well zu deem Zäitpunkt an de Semesterferien, net onbedéngt alleguer d’Leit zu München sinn, hu mer decidéiert, dass et am beschten ass di ganz AG Online iwwert eng Videokonferenz ofzehalen. Nieft dem Réckbléck op dat vergaangent Comitésjoer sinn natierlech och Diskussiounen a wichteg Decisioune fir d’Zukunft vum Cercle um Programm.

Fir bei der AG matzemaachen an eis d’Aarbecht ze erliichtere fir d’virtuell Walziedelen ze verdeelen, mell der iech am beschten op hei fir d’Event bis spéitstens den 28. August 2021 un.

Wéi schonn an eisem Newsletter ugekënnegt, wäert de neie Comité am Oktober een Iessen veranstalten, wou nodréiglech op d’AG wäert ugestouss gi. Dëst wäert den 23. Oktober 2021 stattfannen. Alleguer déi Leit déi un der AG deelhuelen, wäerten dëst Iessen dann vum LSM bezuelt kréien.

Äre virtuelle Walziedel kritt der soubal der bei eiser Videokonferenz um Dag vun der AG ugemellt sidd. Sou evitéiere mir dass Leit duebel wielen, ausser wann se eng Procuratioun vun engem anere Member nach hätten.

Wann dir den Zäitpunkt vun der AG net kënnt dobäi sinn, da kënnt dir engem anere Member eng Procuratioun matginn (all Member dierf just eng Procuratioun vun engem Member hun). Déi Procuratioun musst dir eis weg am Viraus per Email (comite@lsm.lu) zoukomme loossen. Heifir ass Deadline och den 28.August 2021.

De Link zur ZOOM-Konferenz a weider Detailer zum geneeën Oflaf vun de Walen wäerte méi spéit nach nokommen, wann dir iech bis hei ugemellt hutt.

Well och de Comité säi Joer ofschléisst maache mer hei en Opruff u jiddereen dee Loscht huet, sech beim LSM am Comité 2021/22 ze engagéieren. Mellt iech dofir per Email beim aktuelle Comité (comité@lsm.lu), falls der iech beruff fillt matzemaachen. Mat e bësse Chance gitt der vun der AG eragewielt.
Bei weidere Froe mellt der iech am beschte bei engem Comitésmember, iwwert Email oder iwwert DM op eise Social Mediaen.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.