Assemblée Générale 2018

Datum/Zeit
Date(s) - 09/06/2018
17:30 - 20:00

Veranstaltungsort
Paulaner Bräuhaus

Kategorien


  1. Léif Memberen,

D’Comités-Joer vum LSM geet lues awer sécher op en Enn a mir kennen nees op en erfollegräicht Joer zréck kucken. Dëst géife mir gäre mat all eise Memberen zesumme maachen an dofir luede mir Iech häerzlech op eis Assemblée Générale den 09. Juni 2018 um 17.30 Auer am Paulaner Bräuhaus zu München an. Hei fannt dir den Ordre du Jour fir d’AG (Download).

Nieft dem Réckbléck, wou mir nach eng Kéier dat ganzt Joer Revue passéiere loossen, hutt dir och d’Méiglechkeet eis är Ureegungen a Kritik, positiv wéi negativ matzedeelen.

Als Aktivitéit nieft dem formellen Deel vun der AG gi mir do virdrun awer och all zesummen Bowling spillen a lueden iech no der AG op en Iessen am Paulaner Bräuhaus an. Dofir musst dir iech awer bis spéitstens de 06. Juni 2018 hei um Site fir béid (oder just d’AG) Saachen umellen an eng Participatioun vun 5€ fir de Bowling an zousätzlech 10€ fir d’Iessen bis speitstens den 08. Juni op eisen Kont iwwerweisen. Wann dir mat Bowling wëllt spille goen, da muss dir bäi der Ummeldung den Ticket zousätzlech zu ärem Ticket mam d’Iessen auswielen. Falls dir iech net bis zum 6. Juni 2018 ofmellt, kritt dir är Suen net zeréck!

Kontos Nummer : LU44 0019 2655 8968 1000
Mentioun: Numm AG 2018 + Bowling falls néideg.

Fir zesummen Bowling zespillen, treffe mir eis um 14.00 Auer beim „Isar Bowling“, hei ass d’Adress dofir:
Martin-Luther-Strasse 22
81539 München
Méi Infoe fir dohinner zekomme fann dir ënner folgendem Link.

Falls du awer elo leider keng Zäit solls hunn an trotzdeem fir de neie Comite mat Ofstëmme wëlls, kanns du enger Persoun eng Procuratioun (Download) weider ginn, sou dass si fir dech wielen. Bedenkt just, dass jidderee just maximal fir eng aner Persoun ofstëmmen dierf.

Dann zur gudder Lescht: Wann dir interesséiert sidd, iech opzestelle fir d’nächst Joer an de Comité ze kommen, dann ass lo de Moment, iech bei eis ze mëllen (Email un comite@lsm.lu). E puer Leit vum aktuelle Comité wäert nächst Joer net méi dobai sinn, dofir si mir frou iwwer all Member, dee sech well fir den LSM engagéieren. Den 28. Mai um 18 Auer ass eis ëffentlech Comités-Versammlung, wann der komme wëllt kritt der weider Detailer.  Des Versammlung ass do fir Iech eng Kéier kuerz den Oflaf vun enger Versammlung virzestellen. Zéckt net eis är Froen ze stellen!

Domat wier dann alles gesot a mir freeën eis jiddereen op eiser Assemblée Générale begréissen ze dierfen!

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.