AG 2017

Datum/Zeit
Date(s) - 17/06/2017 - 18/06/2017
17:30 - 03:00

Veranstaltungsort
Paulaner Bräuhaus

Kategorien


Léif Memberen,

Dat aktuellt Comités-Joer geet lues awer sécher op en Enn. Duerfir invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eis AG Samschdes de 17. Juni um 17:30 Auer an d‘ Paulaner Bräuhaus (Kapuzinerpl. 5, 80337 München).

De Comité wäert e klenge Bilan vum LSM-Joer zéien an natierlech och op Ureegungen an Kritiken agoen. Duerno wäerte mir dann d’Joer bei engem gemittlechen Iessen auskléngen loossen. (Wann dir Vegetarier sidd, gitt dat w.e.g. am Kommentarfeld un)

Mellt iech weg bis Méindes, den 14. Juni hei um Site un.
 

Als Aktivitéit ginn mer Mëttes an den AirHop, eng Art Trampolin-Welt. Dat Ganzt geet um 14:00 un. Wann dir mat wëllt wielt einfach déi entspriechend Formule aus.

Ween net kann deelhuelen an trotzdeem wiele wëll, dee ka sech duerch een anere vertriede loossen. Heifir brauche mer just eng schrëftlech Procuratioun (Download) a jiddereen dierf fir maximal een anere wielen. Dat wier dëst Joer ganz besonnesch wichteg, well mir an eisen Statuten den „siège sociale“ änneren wëllen, an dofir 2/3 vun eisen Memberen do si muss, Procuratiounen inclus.
 
Dann zur gudder Lescht: Wann dir interesséiert sidd, iech opzestelle fir d’nächst Joer an de Comité ze kommen, dann ass lo de Moment, iech bei eis ze mëllen (iwwer E-Mail). E puer Leit vum aktuelle Comité wäerten d’Schong un de Nol hänken, dofir si mir frou iwwer all Member, dee sech well fir den LSM engagéieren. Den 12. Juni um 18 Auer ass eis ëffentlech Comités-Versammlung, wann der komme wëllt kritt der weider Detailer.  Des Versammlung ass do fir Iech eng Kéier kuerz den Oflaf vun enger Versammlung virzestellen. Zéckt net eis är Froen ze stellen!

Mir hoffen iech all op dëser Soirée ze gesinn!

Mat beschte Gréiss,

Jerry Lambert

President vum LSM

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.