Zum Inhalt springen

NEVE EVENTS

NEWS

Réckbléck: LSWü Intercercle

Den 13. Mee huet sech en Deel vum LSM op de Wee gemaach, fir de LSWü op hirem mëttlerweil 2. Intercercle ze ënnerstëtzen. Begréisst goufe mir mat engem Weintasting vum Julius Spital, wou een dat eent oder anert vum lokale Wäin léieren a schmaache konnt. Dorops hin ass et lass gaange mat enger Stadrallye, wou et quer duerch den Zentrum gaangen ass, an di verschiddensten Aufgabe léise misst. Hei huet de LSM wierklech alles ginn, fir um Enn um Siegerträppchen ze stoen, wat sech géint… Weiterlesen »Réckbléck: LSWü Intercercle

Réckbléck: LSM Anniversaire 20 Joer

De 15. Abrëll huet de LSM seng offiziell 20 Joer gefeiert, dat an der Big Beer Company an de Klausen. Fir dëst ze erméiglechen, hunn sech e puer motivéiert Ex-Presien zesumme gesat, an hir Fühleren an all Richtungen ausgestreckt, fir sou vill wéi méiglech (Ex)-LSM Memberen ze fannen an ze invitéieren. Um Owend selwer hate mir dann och en gesonde Mix vun Oldies aus de verschiddenste Joergäng. Sou hunn sech vill bekannt Gesiichter rëm fonnt, an awer och deen een oder aneren neie Kontakt ass… Weiterlesen »Réckbléck: LSM Anniversaire 20 Joer

Réckbléck: Münchner Bal 2022

No 2 Joer Paus konnte mir um Ouschtersonndeg endlech rëm de Münchner Bal am Melusina feieren! An d’Motivatioun war definitiv do, wat een engersäits un den Ticketen erkannt huet, déi ganz schnell ausverkaf waren, an anersäits um spektakuläre Béierkonsum, dee souguer eis iwwerrascht huet! Fir déi mega Stëmmung huet och den DJ Nosi gesuergt, dee bis spéit an den Owend eis Ouere mat engem decke Bass begléckt huet. Mir soe villmools Merci un all eis Helfer, déi eis um Owend selwer wierklech ganz vill gehollef hunn, an natierlech jiddereen, den op eise Bal komm ass, a mir hoffen, iech nächst… Weiterlesen »Réckbléck: Münchner Bal 2022

Réckbléck: STudent fir 1 Dag

En Dënschden, den 5. Abrëll, waren am Kader vum “Student fir 1 Dag” eng Partie PrimanerInnen (a future Erstien) ob Münche komm, déi sech fir e Studium an der wuel schéinste Stad vun der Welt interesséieren! Fir si fir e Studium hei ze begeeschteren hate mir fir d’éischt emol eng zackeg Präsentatioun virbereet. Dobäi sinn se iwwert d’Stad München, seng Universitéiten, verschidde Studiegäng, Do’s and Dont’s beim Wunneng sichen an dem wuel wichtegste Grond fir ob München ze kommen, den LSM, informéiert ginn. (Gäre kennt… Weiterlesen »Réckbléck: STudent fir 1 Dag

Réckbléck: STarkbierfest 2022

Den 19.03 konnte mir no laanger Paus endlech erëm dat bescht un der bayrescher Traditioun a vollen Zich genéissen! An der Tracht ass et nämlech ob d’Starkbierfest um Nockherberg gaange wou een endlech nees zesummen ob der Béierbänk konnt mam Maß prosten. An der Unzuel u gedronkene Maß léisst sech den Owend och gutt resuméieren: Nom 1.Maß sinn d’Gespréicher scho méi labber ginn. Nom 2.Maß sinn d’Bänken zur Danzfläch ginn. Nom 3. Maß louch een sech an de bei Robbie Williams an den Äerm. (Anerer… Weiterlesen »Réckbléck: STarkbierfest 2022

Réckbléck: Lasertag

  •  

Et war wéi a Lycéeszäiten… Den 22. Januar 2022 ware mir nämlech zesummen an den TerrasMars Lasertag. Dräi energieräich Partië stoungen um Programm. Déi éischt 2 Partië sinn dat rout géint dat blot Team géinteneen ugetrueden, woubäi obwuel jidderee alles ginn huet, sech dat rout Team 2mol duerchsetze konnt. Net nëmme well si déi besser Taktik mee och well si en aale Lasertag-Hues, de Max Closener, ob hirer Säit haten, dee kloer den MVP vun dësem Dag war. An der leschter Partie ass en anere Modus gespillt ginn, wou et drëm gaangen ass sou laang wéi méiglech e… Weiterlesen »Réckbléck: Lasertag

Réckbléck: Kitzbühel 2022

  •  

Vum 7. bis den 9. Januar ware mir zu 27 LSM-Memberen an 8 Oldies op Kitzbühl fir eisen traditionelle Ski-Weekend. Freides huet et geheescht fréi opstoen, well mer moies um 7 mam Bus lass gefuer sinn. Zu Kitzbühl ukomm, ass et direkt op d’Piste gaangen, bzw fir en Deel als éischt nach an de Skiverleih. D’ Sonn huet eis och net am Stéch gelooss, an sou konnt dësen éischten Dag ideal ausgenotzt ginn. Mam Sonnenënnergang ass et dann op d’Happy-Hour an der Sonnalm gaangen, wou nach kräfteg profitéiert gouf. Och d’ Sauna… Weiterlesen »Réckbléck: Kitzbühel 2022

Réckbléck: Christmas Crawl 2021

  •  

Leschte Freiden huet de Christmas Crawl als Alternativ vun der Chrëschtfeier stattfonnt, déi jo huet misse wéinst de Corona-Mesuren a Bayern ofgesot ginn. An Gruppe vu bis zu 17 Leit konnten an engem Roulement 4 verschidde Wunnengen besicht ginn, mat jeeweils hirer eegener Thematik, wei z.b. am Stall bei de Rendéieren, bei den Engelen, oder beim Kleeschen an dem Houseker. Beim Kleesche gouf et dann och fir jiddereen ee Cadeau an en Shot, natierlech nëmmen, wann virdru fir de Kleesche gesonge gouf. Fir den Duuscht ze läsche gouf och gesuergt, dat mat genügend Glühwäin, Schocki mat Baileys an sou munche weideren Optiounen. Mat selwer gebake Kichelcher oder mat Brezen ass och fir de klengen Honger eppes dobäi gewiescht. De Kleeschen huet dann och verroden, wou d’Summerrees nächste Summer hi geet, an zwar op Malta! Zousätzlech hu mer wéi all Joer em… Weiterlesen »Réckbléck: Christmas Crawl 2021

Réckbléck: Karlsruhe Intercercle

  •  

De 25. November waaren eng 14 LSM-Memberen zu Karlsruhe op Besuch bei eise Kolleege vum AELK fir un hirer Intercercle, de “Badische Meile, deelzehuelen. Ee grousse Merci un si fir de gelongenen Owend op dem een esouwuel Karlsruhe wéi och vill nei Leit kenne léiere konnt. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun.

Réckbléck: Pubquiz an der Klenze 2021

  •  

Eisen extrem beléifte Wanter-Pubquiz an der Klenze konnt dëst Joer den Donneschden, den 18. November stattfannen. Mat 9 Equipe à 5 bis 6 Persoune war d’Motivatioun visiblement do, a mat den 2 Euro Participationskäschte war de Gewënnerpreis och deementspriechend héich. An 8 verschiddene Kategorien, wou de Wëssensstand ënnert anerem an Themen wéi Geographie, Sport oder awer och Desserten (!) op d’Prouf gestallt gouf, huet sech all Equipe méi oder heiansdo och manner gutt geschloen (a geroden). Nodeem d’Equipe „Eng Tornado strikes again“ sech de Punkt fir beschten Equippennumm geholl huet, hunn si och zum Schluss vum Owend ganz knapp déi 1. Platz gewonnen. Ganz spannend war et och beim Kampf fir déi zweetlescht Platz, wou réischt ganz um Enn eng… Weiterlesen »Réckbléck: Pubquiz an der Klenze 2021