Zum Inhalt springen

November 2020

Réckbléck : Ersti-Quiz

  •  

Wëll dëst Joer leider hu missen eisen Ersti-Pubcrawl an de Welcome-Day ofgesot ginn, huet de Comité sech eppes Neies afale gelooss fir kënnen de Kontakt mat den neien Erstis hierzestellen, fir si e bësse besser kennen ze léieren an an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, och kënnen ënnerteneen nei Leit kennen ze léiere fir esou nei Kontakter hierzestellen. Esou huet dann den 21. November 2020 den online Ersti-Quiz stattfonnt. No enger kuerzer Virstellung vum Comité ass et dann awer och scho lass gaangen an et si 5 Gruppe gebillt ginn, an deenen da jeeweils ee Comités-Member vertruede war. A… Weiterlesen »Réckbléck : Ersti-Quiz

Réckbléck Wanderdag 2020

  •  

E Sonnden, den 18.Oktober 2020 huet den neie Comité säin éischt Event fir dëst Comitésjoer organiséiert: de LSM Wanderdag. Nodeems dësen den 1.Mee huet missen opgrond vu Corona ausfalen, hu mir ons et net huele gelooss dësen nozehuelen. Moies um 9h respektiv um 10h, opgedeelt an 2 Gruppe vu 15 Leit, ass et um Hauptbahnhof mam Zuch lass gaangen a Richtung Tegernsee. Vum Bahnhof Tegernsee si mir da fortgetrëppelt op d’Gindelalmschneid. Uewen um Gipfel ukomm, ass et dann op déi nächstgeleen Hütt gaangen, wou mer ons dann deen een oder anere Béier verdéngt haten. En ganz… Weiterlesen »Réckbléck Wanderdag 2020

Foire de l’étudiant 2020

  •  

Vum 12. bis 13. November 2020 fënnt déi dësjäreg foire de l’étudiant statt an dat fir d’éischte Kéier reng digital. Wéi all Joer ass natierlech och den LSM mat engem Stand vertrueden. De Comité versicht de Schüler vun den Ofschlossklassen aus dem Secondaire bei all hire Froen zu de Studiegäng an dem Studenteliewen zu München mat Äntwerten zur Säit ze stoen. Donieft fënnt een op eisem Stand awer och eis nei Broschür, eis Flyeren an eise fonkelneie Video an dem mir eise Cercle “Lëtzebuerger Studenten zu München” (LSM) virstellen. Kommt och Dir op… Weiterlesen »Foire de l’étudiant 2020