Zum Inhalt springen

Januar 2019

Réckbléck: Kitzbühel 2019

  •  

Vum 4. bis 6. Januar waren 28 LSMler fir eisen mëttlerweil schonn traditionellen Skiweekend op Kitzbühel. Wei schonn déi leschten Joren hu mir do op der Sonnalm iwwernuecht, wou deen een oder aneren, deen schonn méi oft dobäi, war sech beschtens auskennt. Glécklecherweis waren awer och puer Erstien an Memberen fir déi et déi éischten LSM Skirees war dobäi. Mam neien Joer hat et an den Alpen och ugefaange mat schneien, an net ze wéineg, sou dass d’Skifueren dëst Joer ganz ënner dem Motto “Powder” stoung. Well dat awer oft ustrengend ass, ass den aneren Programm mat Schnéiballschlachten,… Weiterlesen »Réckbléck: Kitzbühel 2019

Réckbléck: Tournoi de Noël 2018

  •  

Och dëst Joer war den LSM erëm um traditionellen Tournoi de Noël mat 3 Equippen aktiv. Mëttwochs den 27. Dezember sinn eis Volleyballer a Basketballer ugetrueden. D’Basketballer waren trotz dem exzellenten Resultat vum leschten Joer net mat Lousgléck belount ginn an missten sech mat staarken Equippen an enger ausgeglachener Grupp moossen. Bis zum leschten Match an der Grupp war alles op. Um Enn war d’Gléck net op eiser Säit an eis Jongen a Meedercher missten sech mat der 4. Platz offannen. Mëttes konnten si awer dann weisen dass si eigentlech vill besser sinn wei déi Placéierung an hunn an der Grupp 4… Weiterlesen »Réckbléck: Tournoi de Noël 2018