Réckbléck: REEL 2016 zu Kaiserslautern

De 6.-9. Oktober war et wéi all Joër nees Zäit fir déi traditionell REEL, déi des Joer zu Kaiserslautern stattfonnt huet. 120 Studenten hunn hei ënner anerem iwwer Theme wei d´ Studenteliewen an d´ Héichschoulpolitik diskutéiert. Sou ass d´REEL eng wichteg Plattform fir den Austausch zwësche Politiker a Studenten. Nieft deene méi serieuxen Theme stinn natierlech och kulturell Aktivitéiten op der Dagesuerdnung an natierlech kënnt den Spaß och net ze kuerz. Mat nët manner wéi 11 Münchener war den LSM och dëst Joer erëm gutt vertrueden.

67db30a4-8376-47c5-9525-14946811ed2e

Ënnert dem Thema „Die Aussichten der Akademiker nach ihrem Studium“ ass d‘ REEL Donneschdes Moies um 8 Auer vum Président Charel Roemen eröffnet ginn. Uschléißend sinn d‘ Studenten an 3 Workshopen agedeelt ginn.  Do gouff ënner anerem iwwer d‘ Zukunft vum Student nom Studium diskutéiert mee och iwwert den Informatiounsaustausch zwëschen der ACEL an de verschiddene Cerclen souwéi de Projet „Cercles Guides“. Mëttes ass et dunn och scho mat engem laangen mee lëschtegen Rallye duerch Kaiserslautern weider gaange fir d´ Staat a Leit besser kennen ze léieren.

Freides moies ass et dunn erëm fréi weidergaange mat de Besichtegunge vun Entreprisen a Muséen an der Géigend vu Kaiserslautern, wéi zum Beispill General Dynamics oder dem Dynamikum, een interaktive Musée. Dësen Dag war ganz am Thema vun de Partner vun der REEL: Firmen aus dem Beräich Économie an Ingénerie hunn sech virgestallt fir den Studenten en Ableck op den Aarbechtsmarché ze gewähren. Owes konnte en dunn bei engem Walking Dinner de Kontakt mat de Partner ophuelen. Als Ofschloss ass et zesummen an déi berühmt  Markthalle gaangen.

Den nächsten Dag hu virun allem d´Meedercher misste fréi opstoen, well et huet geheescht Tenue correcte. Sou ass et dunn och schonn direkt moies mat enger Diskussiounsronn iwwer „Die Forschung als Zukunft Luxemburgs“ mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider lassgaangen an mëttes war d´Podiumsdiskussion mat ënner anerem dem Marc Hansen iwwert d´Thema vun der REEL „Die Aussichten der Akademiker nach ihrem Studium“. Hei si méi oder manner konstruktiv Virschléi gemaach ginn an Ideen op den Dësch komm. Fir den Dag ofzeschléisse war owes de Gala-Dinner, wou de Minister Schneider natierlech och present war. Et waren e puer flotter a virun allem lëschteg Stonnen, déi mer mat eisem stellvertriedende Premierminister verbrénge konnten.

1a229078-c8da-4d6e-bc71-3a06be738175

Sonndes goung et nom Check-Out op e Brunch zu Pirmasens,  mëttes konnt een dann zwëschen enger Wäintour oder enger Schwämm entscheeden. Déi méi erfuere REELaner/innen woussten, dass eng Schwämm no deene puer ustrengender Deeg wahrscheinlech net déi schlechtsten Décisioun war. Owes ass et dunn och no engem Iessen an der Panoramalounge vum Fritz-Walter-Stadion erëm heem op Lëtzebuerg gaangen. Alles an allem waren et gelongen, flott awer och ustrengend 4 Deeg.