Zum Inhalt springen

Oktober 2016

Réckbléck: Welcome Day 2016

  •  

  Wéi all Joer em des Zäit war et och gëschter nees souwäit, datt mir um traditionelle Welcome Day eng ganz Partie vun neien Erstien zu München begréisse konnten. Sou sënn mir gemittlech an den Dag gestart, andeems déi nei Erstien zesumme mam Comite am Augustiner Bürgheim gebruncht hunn a sech schon ënnertenee bëssi kenneléieren konnten. Während deem haten d’Oldies hire ganz eegene Brunch organiséiert, an hunn et sech och gutt goe gelooss. Dat Ganzt huet em 10 Auer ugefaangen, a nodeems da jiddereen säin Honger gestëllt, oder zumindest säin Hangover iwwerwonnen… Weiterlesen »Réckbléck: Welcome Day 2016

Réckbléck + Fotoen: Oktoberfest Intercercle

  •  

Scho fir déi 2. Kéier hunn sech, net nëmmen déi Münchener, mee och nach lauter aner Studenten aus 17 verschiddene Cerclen zesumme fonnt, fir um weltberühmten Oktoberfest ze feieren! D’Intercercle, déi um leschte Weekend vum Oktoberfest war, also vum 29.09 bis den 01.10, huet Donneschdes Owes mat engem gemittlechen awer och scho sëffegen Owend am Löwenbräukeller en gudde Start fonnt. Weider gaangen ass et dunn direkt Freides moies, wou mir eis schonn um 9 Auer Rendez-vous ginn haten, fir ganz fir beim Hacker-Pschorr Festzelt (Himmel der Bayern) ze stoen an era konnte stierme soubal d’Dieren… Weiterlesen »Réckbléck + Fotoen: Oktoberfest Intercercle

Réckbléck: REEL 2016 zu Kaiserslautern

  •  

De 6.-9. Oktober war et wéi all Joër nees Zäit fir déi traditionell REEL, déi des Joer zu Kaiserslautern stattfonnt huet. 120 Studenten hunn hei ënner anerem iwwer Theme wei d´ Studenteliewen an d´ Héichschoulpolitik diskutéiert. Sou ass d´REEL eng wichteg Plattform fir den Austausch zwësche Politiker a Studenten. Nieft deene méi serieuxen Theme stinn natierlech och kulturell Aktivitéiten op der Dagesuerdnung an natierlech kënnt den Spaß och net ze kuerz. Mat nët manner wéi 11 Münchener war den LSM och dëst Joer erëm gutt vertrueden. Ënnert dem Thema “Die Aussichten… Weiterlesen »Réckbléck: REEL 2016 zu Kaiserslautern