Tournoi de Noël: Dag 2 (Fussball)

Mëttwochs war dann och de Fussball drun, wou mer eis dëst Joer gutt Chancen ob eng Finalteilnahm an eventuell och en Gewënn vum Tournoi ausgerechent hunn.

DSC_0049

Moies hu mer an der Virronn géint d’Cerclen aus Oochen, Innsbruck a Berlin gespillt souwéi géint d’ANEIL, wou 2 vun eise Membere matgespillt hunn. Géint déi 4 Equipen hu mer mol méi, mol manner spannend Matcher gehat, mee trotz allem gutt gespillt an de Géigner keng Chance gelooss, a sinn ouni Defaite an d’Finalronn agezunn.

Mëttes no enger gemittlecher Mëttespaus huet d’Finalronn mat bësse Verspéidung a puer Komplikatiounen ugefaangen: De Cercle vu Leck gouf disqualifizéiert bzw. huet vu sech aus opgehalen, well Spiller vun hinnen net am Cercle sinn an doduerch net spillberechtegt waren. Doduerch hat d’Finalpoule just nach 4 Equipen, an de Spillplang gouf ob d’Kopp geheit.

Bëssen opgereegt duerch de ganzen Zimlabumm hu mer an enger spannender Partie mat ville Chancen an ofwiesselnd Féierungen en 4-4 géint Stroossbuerg erspillt. An eisem 2. Match hu mer da géint de spéidere Gewënner Bréissel gespillt. Och do hu mer gutt matgespillt, hunn awer 2-0 verluer. An eisem leschte Match géint Baaschtnech ware mer dann och scho midd an hunn och verluer. Mee schlussendlech si mer 3. ginn a kruten nach di lescht Plaatz um Podium. Häerzleche Gléckwonsch un eis Spiller!

Natierlech waren och eis legendär LSM-Ultras dobäi, déi virun allem an der Final mat Trommelen, Ratschen a Lidder mächteg Radau gemaach hunn an eis Equipe zu all Moment ugefeiert an ënnerstëtzt hunn. Ausserdeem war de Seppl do, deen eis Jongen ugefeiert huet, a mat puer Rauchbommen a Bengalos hunn mer eisem Numm als ‚#1 Ultras‘ weider ënnerstrach.

DSC_0051

An zu gudder Lescht en klenge Resumée vun eisem Trainer:

Moies hu mer eise Géigner mat guddem a gescheitem Passspill wéineg Chance gelooss, iwwerhaapt eemol ob eise Gol ze schéissen, a wann se dach eemol de Ball haten, hu mer gutt verteidegt. Mëttes huet eis eis mangelhaft Chanceverwäertung an och di géigneresch Golkippe mat Glanzparaden eng besser Plazéierung kascht, trotzdem sinn ech stolz ob meng Super-Super Spiller an hoffen dass mer nächst Joer rëm em d’Coupe kenne matspillen!

Resultater vum Fussball