Sport am Wantersemester 2015/16

Leif Memberen,

Och an dësem Joer organiséiert de Comité nees räichlech Aktivitéiten an och de Sport kennt net ze kuerz. Wei schonn aus de leschte Joere bekannt ass eng vun den Haaptsportaarten, déi mer ausüben, de Fussball (Datumer stinn ënnen). Ausserdeem gi mer och rëm regelméisseg Volleyball spillen. Aner Aktivitéite kommen am Laf vum Joer no.

All di Aktivitéite ginn op den Internetsite gesat, wou een sech dann dofir umelle kann, an och nach eemol an eiser Sport-Grupp um Facebook annoncéiert.

Ausserdeem wollt ech iech dorop opmierksam maachen, dass och d’Unien Sport ubidden, an zwar am ZHS. Den ZHS (Zentraler Hochschul-Sport) bidd eng grouss Variatioun un Sportaarten. Fir un den Übungen a Stonnen deelhuelen ze kennen, brauch een awer en Ausweis mat Marken, déi eemoleg pro Semester kascht. Déi Saache kritt een ob den Unien an Héichschoule selwer oder um ZHS-Gelände selwer. Méi Detailer, di genau Zäiten an alleguer d’Kure fannt der op hirem Internetsite.

Fussball

Hallenfussball-Muenchen-Soccarena

Lo am Wantersemester gëtt de Fussball opgrond vum kale Wieder nees an der SoccArena gespillt an zwar zu den folgenden Daten:

  1. Samschdes 17.10.15 vun 18:00-20:00
  2. Samschdes 31.10.15 vu 17:30-19:30
  3. Donneschdes 5.11.15 vu 15:30-17:30
  4. Donneschdes 12.11.15 vu 15:30-16:30
  5. Samschdes 21.11.15 vun 20:00-21:00
  6. Samschdes 12.12.15 vun 20:00-22:00
  7. Samschdes 19.12.15 vun 18:00-20:00
  8. Freideg 08.01.16 vu 16:00-18:00

D’Umellung wäert hei First Come First Serve iwwert den Site sinn.

Volleyball

Am Wantersemester wäerten mir all Woch dënsdes vun 20:00-21:30 bei den ZHS Volleyball (Kursnr. 11503) spillen goen. Hei këmmren ech mech zesummen mam Paul Thillen drëm, dass dat all Woch stattfënnt. Treffpunkt heifir ass ëmmer d um 19:45 bei der Entrée fir d’ZHS-Gelände. Éischten Termin ass den 20. Oktober. Och hei w.e.g. iwwert den Site umellen.

Dir braucht heifir eng ZHS-Marke!

Tournoi de Noël

Och scho bekannt ass den Zäitraum vun Tournoi de Noel zu Lëtzebuerg, wou mer eise Cercle an de Sportaarte Volleyball, Basketball a Fussball vertrieden. Dofir brauche mer nawell och puer engagéiert Leit, déi do deelhuele wëllen.

  • 22. Dezember: Volleyball an Basketball
  • 23. Dezember: Fussball

Ech géif mech freeën, wann ech an den nächste Woche vill nei an al Leit géif gesinn, a mer da gutt Sport kennen dreiwen,

Ären Sportsminister,

Max Closener